Den 29. Oktober 2020 sinn d’Lëtzebuerger Volleksdänz op den nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg opgeholl ginn.

Immateriellt Kulturierwen IKI

Lëtzebuerger Volleksdänz, dat heescht traditionell Lëtzebuerger Dänz - wat kengefalls als wëssenschaftlech Bezeechnung soll sinn -, erfuerschen, prouwen, opféieren a weiderginn.

Gedanzt gëtt e Repertoire vu ronn 30 verschiddenen Dänz, déi a Koppele gedanzt ginn. Am internationale Verglach zeechnen dës Dänz sech duerch eng aussergewéinlech grouss Variatioun vu Grondschrëtt, Figuren a Melodien aus an duerch en heefege Partnerwiessel oder duerch heefeg Partnerwiesselen. Déi Dänz, déi op der Bühn gewise ginn, si mëndlech iwwerdroe ginn, d’Nomenclature ass op Lëtzebuergesch z.B.: „Chibberli, Pick Polka, Schottësch Näip, de Karschnatz, Ronn Maklott, Uelegschléier”.

D‘ Optrëtter sinn ëmmer mat live Musek an an Truechten. D’Museksinstrumenter sinn d’Fiddel, d’Drummsee, de Brëtellspiano, d’Blosinstrumenter, d’Gittar a Perkussioun a variabeler Besetzung. Déi verschidden Truechten si Reproduktiounen no der Moud aus dem spéiden 18. an dem fréien 19. Joerhonnert a baséieren op Recherchë vum Nationalmusée an dem Staatsarchiv. D‘Danzschong passe stilistesch bei d’Truecht, sinn awer aus Sécherheetsgrënn moderne Gewunnechten ugepasst. Et gëtt Dänz, bei deenen Accessoirë gebraucht ginn, ewéi Bengelen, Lanteren a Kierf.

Integrale Bestanddeel vun Opféierung vu Lëtzebuerger Volleksdänz sinn och lëtzebuerger Vollekslidder.

De Volleksdanz ass och feste Bestanddeel vu grousse Volleksfester ewéi Eemaischen, Nationalfeierdag, Bauerekiermes a Wäifester. Vill Optrëtter ginn et natierlech bei Manifestatiounen an offiziellen Evenementer, wou Lëtzebuerg vertrueden oder virgestallt gëtt. Mir si Botschafter vun eiser Kultur, esou z.B. 2007 bei eisem Optrëtt an der UNESCO zu Paräis oder op der Folkloriada 2016 a Mexiko. Bei der kommender VI CIOFF® World Folkloriada, déi all 4 Joer stattfënnt, mee déi duerch d’Coronapandemie vun 2020 op 2021 verluecht ginn ass, ass Lëtzebuerg mat engem Grupp vertrueden, dee mat vill Freed a Wuelbefannen eis Identitéit weidergëtt an iwwerdréit. Et fillt ee sech verbonnen, dëst liewegt Kulturierwen weiderzeginn.

Mir sinn national ganz multikulturell, an och eis Dänzer mat net Lëtzebuerger Nationalitéit wëllen eis traditionell Dänz léieren. Och Dänzer vu lëtzebuergesche Folkorsgruppen mat Migratiounshannergrond kënnen a gemeinsam Optrëtter integréiert ginn.

An den 30er Joren vum 20ste Joerhonnert sinn e Grupp Leit, déi sech reegelméisseg an der Jugenherbergsbeweegung getraff hunn, sech bewosst ginn, datt al traditionell Dänz a Lidder verluer goungen. Dës Leit hunn dokumentaresch Recherchë gemaach an Zäitzeie gesicht, zu enger Zäit wou et nach méiglech war, Mënschen ze fannen, déi di Praktik an hirer Jugend nach erlieft haten. Vun do un, nom 2. Weltkrich, si Folklorsveräiner gegrënnt ginn, déi dëst Wëssen ëmgesat an erhalen hunn.

Momentan ginn et dräi Lëtzebuerger Folklorsdanzgruppen, déi all Member sinn an der Federatioun Union Grand-Duc Adolphe an domat och Member sinn an der Internationaler Organisatioun CIOFF, internationalen Organisateur vu Folklorsfestivallen an traditioneller Konscht, akkreditéiert beim Kommitee fir d‘Erhale vum immaterielle liewege Kulturierwen vun der UNESCO.

Den 29. Oktober 2020 sinn d’Lëtzebuerger Volleksdänz op den nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg opgeholl ginn.