Daat ass Folklore!                     Abrëll 2015

(aus den Aen vun enger Poetin)
Geschriwwen a virgedroën vum Germain Michels
op de 60ter Generalversammlung vun der Uucht-La Veillée

 

Folklore, 60 Joër;

daat ass kloër,
eng lang Zäit,

e gut Zeechen fir ons Bräich.

Ett ass eng laang Geschicht,

daat géing e langen Bericht.

Mir wëssen net alles, sin duerfir ze jonk

an d’Facebook war nach net erfont.

Ouni vill ze soen, säit Joeren

d’Liewen vun fréier an Dänz virzedroen;

am Gezei aus där Zäit, mat Musek dobäi,

sëtzen ons Zuschauer an eng aner Zäit.

De Sondesdanz, d’Maklott, am schmass;

Dänz vum Land, an och vum Schlass.

Den Hëngerdanz, an d’Sabotière;

mir danzen se alleguer gär.

An dan méien mir wéi fréier,

an daat geet ganz séier.

Mir sprangen an dréien an knéien,

esou dass ons Juppen fléien.

4 mol zielen, da 4 Schrëtt;

dan lues an den Walzerschrëtt .

D’Meedercher , lost iech féieren!,

dir wärt et jo eng Kéier léieren!

T’ass net fir egalwaat ze trëppelen,haalt är Mëtt!

Si mussen sëtzen , déi Schrëtt!

Eent, zwee, dräi, veier,

fénnef, sechs, siewen, acht;

net färdeg brëngen?, daat wär gelacht!

Daat Kussen, daat geet jo nach,

mee daat knéien, ech sin gebrach!

An dan daat dréien, oh neen!!

Ech gin dronken, mir wackelen Been!

Dan de Kapp dréien;

Aua!!, hun am Genéck en zéien.

Stréckt den Arm,

kuckt iech an d’Aan!!!

T’Hänn un der Jupe, dan an der Säit,

sid mat der Séil dobä!!

Eleganz , e frëndlech Gesiicht;

halt är Mëtt, bleiwt an der Riicht!!

Oh, Eugène;

wéi mir dech beneiden!

Hues du näischt wéi,

hues du keen Leiden??

Du bass ëmmer adrett,

verrot eis däin Rezept!

Egal wéi, et mecht Spass,

ëmmer dobäi, mir gin Gas!

Mir sin keng Spezialisten;

mee duerfir Idealisten.

Mir haalen un onser Traditioun fest,

an sin; wéi Klarinett; ëmmer prett!

Let’s fets!!!

                                                Germaine